Beienziichterei Koch-Clees
  • Home
  • Events/Horaire
  • Iwert eis
  • Eis Beien
    • Iwert eis Beien
    • Wei get den Hunnig veschafft
    • Verbrauchertipps
    • Wessenswertes iwert d'Beien >
      • Beiewoas
      • Gelée royale
      • Hunnig
      • Pollen
      • Propolis
  • Eis Produit'en
  • E-Shop
  • Fir Remerciement
  • Zuuchtmaterial / Reines et Essaims
  • Photo Galerie
  • Contact
  • Impressum
  • Aktuelles
  • Links
Bild

Hunnigschleideren

Zwee mol pro Joer get den Hunnig geschleidert. Enn Mai bis Ufank Juni as den éischten Hunnig also den Fréijoërs-hunning dann faërdig fir geschleidert ze gin. Mett bis Enn Juli as dann den Summerhunnig faërdig fir geschleidert ze gin. 
​
Bild

Entdeckelen

Fir den Hunnig virun der Fiichtigkeet ze schützen, verdeckelen Beien den faërdigen Hunnig mat enger dënner wäisser Woasschicht. Des dënn Woasschicht muss virum Schleideren rofgekratzt gin. Dono kann de Beiemann se an d'Schleider stellen.

​Am traditionnellen gin d'Waaben ob der Hand entdeckelt wei hei um Bild ze gesin. Bei eis gin se automatisch entdeckelt eier se weider an d'Schleider laafen
(Photo Schleiderstrooss- schleideren).


Bild

Schleideren

Nodeems déi entdeckelt Waaben bis bei d'Schleider gelaaf sen, gin se pneumatisch an d'Schleider eragedreckt. Mer kennen 88 Waaben mateneen shleideren. Nodeems d'Waaben ausgeschleidertsen, leeft den flëssigen Hunnig an een Behälter wou en dono durch een Drockfilter eng éichte Keier gefiltert geet, dono get den Hunnig weider befördert bis an een zweete Filter e sougenannte Conticleanfilter wou den Hunnig dann nach mol gediltert get eier en dann an grouss Kiwelen gefellt get.
​

Bild

Réieren


No 1-2 Deeg get den Hunnig dann geklärt. Kleng Loftblosen an kleng Wuesdeeler déi durch dat rengt Saft gange sen, sëtzen sech op der Uewerfläch of. Dës gin mat engem Schaber vun Hunnig erofgeholl. Den Hunnig muss elo regelméissig Ofstënn geréiert gin. Sou gin Zockerkristallen zerschloën an den Hunnig kritt eng fein cremig Konsistenz.

​
Bild

Afëllen

Sou bal den Hunnig ufënkt seng Konsistenz ze ënneren, muss en an d'Glieser gefëllt gin. Mer benotzen eng modern Afëllanlaag wou mer den Hunnig an Glieser vun 500gr, 250gr an 125gr fëllen. Des Anlaag erlaabt eis och direkt den Deckel op d'Glas ze schrauwen, sou dat mer nemmen méi brauchen die ofgefëllten Glieser an d'Këschten zreck ze stellen. 
​
​
Bild
Proudly powered by Weebly