Eise Betriib fand dir zu Wanseler an och an der Schleef am Naturpark Öewersauer. Eis Beienziichterei as vun 2008 un all Joër e bessi méi grouss gin. 2015 hun mer dun beschloss aus eisem klenge Familjebetriib eng Sociétéit ze maachen. Ab März 2016 leeft eisen Betriib dann ennert dem Numm Beienziichterei Koch-Clees SARL.
Ebenfalls nick méi spéit ewei 2016 koum dun och Décisoun fir eisen Betriib ze vergréisseren. Dëst haate mer wuel schon vill méi fréih an d'Aan gefasst, mee et war schwierig dee richtigen Site ze fannen. Mer hun eis dun mat de Verantwortlichen vun der Wanseler Gemeng zesummen gesaat an mer hun eis entscheed den Site an der Schleef op dem "Aale Camping" hannert der Téifabrik "Téi vum Séi" zreck ze behaalen. Dëst passt gudd. Op der enger Säit kann e säin Téi kaafe goen an op der aner Säit den Hunnig fir an den Téi.
Nodeems mer dun 2017 all die néidig Autorisatiounen an der Hand haaten, as et dun lass gaangen mat eisem Bau. Dee ganze Projet wäert am Februar 2018 fäedrig sen, sou dat mer mat méi performanten Maschinen kennen mat der Recolte vum Frëijoërshunnig 2018 hei durchstarten.
Mer vermaarten eisen Hunnig ennert der Marque Nationale un eng grouss Supermarché's Chaîne hei zu Lëtzebuerg an och un den "Ourdaller Hunnig", also Hunnig aus dem Naturpark Our. Den Ourdaller Hunnig get ausschlisslich an der Régioun recoltéiert, wei all eisen Hunnig schounend verarbicht an streng kontrolléiert. Mat dem Label "Ourdaller Hunnig" biirgt den Imker fir eng gudd Qualitéit vu sengem Produit.
Nierwt den Lëtzebuerger Hunnig vun der Marque Nationale an dem Ourdaller Hunnig bidden mir Iech ebenfalls eng gudd hausmacher Hunnigdrëpp an verschiddenen Gréissten un. Bei eis fand Dir och eppes fir all Geléenheet sierf et Remerciement'en fir de Kanddaf vun aerem Kand, fir d’Kommunioun resp. fir aer Hochzäit. Mir offréieren Iech och Corbeillen déi no äerem Wonsch zesumme gesaat gin. Och fand Dir bei eis Beautyproduit’en vun der bëscht bekanntener deitscher Mark "Cum Natura". Desweideren bidden mir Eech nach eng grouss Auswahl un selwer gemaachten Käerzen aus natiirlichen Beiewues un.
Eis Beie liewe natiirlich an holzene Beiekëschten. Durch en egene Wuesskreeslaf an eng Trennung vun den Brut an Hunnigwaben, versiche mir eis Waben reng ze haalen. Eng aartgerechte Fleeg erhält d’Vitatlitéit an d’Gesondheet vun eise Beiestäck. Heidurch entsteet en naturbelossenen Hunnig deen déi héchsten Usprech erfëllt. Mer hun eis Beien am Naturpark Öewersauer an am Naturpark Our stoen op besonnisch schéine, sonnige Plazen.
Mir passen op, dat den Hunnig eréischt dann geschleidert get, wann e wiirklich zeidig ass, woudurch e sech besonnisch laang haltbar an räich un Enzymen ass. E get kill an däischter gelagert, dofir bleiwe seng wäertvoll Egeschaaften erhaalen.
Fir weider Renseignementer kenn Dir eis errechen ennert der Telefonsnummer 26 950 358 resp. 691 52 60 56 oder iwwert E-mail: beienziichterei.koch(at)vo.lu.