Wei entsteet den Hunnig?
Sou get Hunnig gemaach. Kannergerecht erklärt.
Hunnig get weltweit geschätzt. Mee wei entsteet den Hunnig oder kurz gesot wei get en "gemaach" ? "Maachen" bedeit jo produzéieren, hirstellen, ufäerdigen. Dat as och richtig, d'Beien stellen den Hunnig her, mee d'Natur hoat sech ewer sou munsch pysikalisch Tricker afelle gelooss fir dat een aus dem Nektar oder op déitsch "Honigtau" genannt, schlussendlich Hunnig ka maachen.
Mir wellen Eech hei besselchen opkläeren wei den Hunnig vun der Blumm resp. Bléi an d'Glas kennt an dest op eng kannergrecht Art a weis, sou dat eis Kanner et gudd verstin.
Hunnig get weltweit geschätzt. Mee wei entsteet den Hunnig oder kurz gesot wei get en "gemaach" ? "Maachen" bedeit jo produzéieren, hirstellen, ufäerdigen. Dat as och richtig, d'Beien stellen den Hunnig her, mee d'Natur hoat sech ewer sou munsch pysikalisch Tricker afelle gelooss fir dat een aus dem Nektar oder op déitsch "Honigtau" genannt, schlussendlich Hunnig ka maachen.
Mir wellen Eech hei besselchen opkläeren wei den Hunnig vun der Blumm resp. Bléi an d'Glas kennt an dest op eng kannergrecht Art a weis, sou dat eis Kanner et gudd verstin.
Vun Beien an Bléien
Hunnig entsteet ouni Hellef vun Mensch. Planzen gin Nektar fräi a lackelen esou d'Hunnigbeien un an och aner Insekten, déi sech de gudde Saft siche fleien. Ziel vun de Planzen as hir Vermehrung, well bei all Besuch vun enger Bei oder Insekt winzig Pollen henken bleiwen, deen da weidergedroen get. Sou get "Bestäubung" gesechert. Des Symbiose erget e klengen geschlossenen Kreeslaaf.
Fudder fir jiddereen
D'Beien sammelen Nektar a Pollen fir dorausser Fudder ze maachen. Domadder get dee laafenden Betriib gesechert an Iwerschess u Fudder gin fir schlechter Zäiten gelagert. D'Arbichterbeien maachen aus klengen Woasplättercher die typisch Waabenzellen wou d'Fudder dann stockéiert get. D'Beien gin nach bessen Propolis mat dobäi sou dat keng Keimen resp. Erreger sech kennen um weertvollen Fudder zervéieren.
Vum Nektar zum Hunnig - sou get et gemaach
D'Beien sen "blütenstet", daat heescht op enger Plaz mat vill verschiddenen nektarreichen Bléien sammelt eng Bei emmer dee selwischten Nektar z.B. vum Raps, eng aner nemmen deen vun de Pissblummen.
Hoat eng sougenannten "Erkundungsbei" eng reichhaltig Nektarquell fonnt, "erzielt" sie deenen anere Beien durch den Beiendanz dovunner. Dann fleien all Sammlerbeien aus dem Beiestack des Troacht un fir den Nektar ze sammelen. Mat hirem klengen Saugrüssel hoalen d'Beien den Nektar op a lageren desen an hirem Hunnigmo. As den Nektar weertvoll flidd d'Bei zrëck an de Beiestack a get den Inhalt aus hirem Hunnigmo den Stackbeien. Elo geet d'Arbicht sou riichtig un, well de séissen Nektar as näischt anischtes wei eng zockerhaltig, wässerig Léisung.
Am Beiestack get de Planzesaft méimols opgesaugt an remgin vun de Beien. Bei all eenzelnen vun desen Virgäng gin Enzymer, Proteinen, Séiren an aaner beiegerecht Substanzen dem Saft beigemeschtt. Durch des Art a Weis verrengert sech och de Waassergehalt enorm.
D'Beien wessen instinktiv wann den Waassergehalt bei 30% bis 40% léit. Dann as Zäit fir d'Alagerung. Dee verdeckten Saft get an fräi Waabenzellen gefellt, allerdings nick bis op de Rand. Well der Waassergehalt nach muss weider reduzéiert gin, ergo muss eng Verdonstfläch geschaffe gin. Fir desen Virgang vum entwässeren ze beschleunigen, fächeren d'Beien mat hiren Flileken a maachen esou e Loftstroum fir dass d'Waasser méi schnell verdonst. Erstaunlicherweis reduzéiren d'Beien ouni technisch Hellef vun Ufanks 75% op um Enn enner 20% den Waassergehalt an dest an kiirzester Zäit.
Zu enger uerdentlicher Lagerung gehéiert och natiirlich zoumaachen vun de Waabenzellen. Do schwëtzt den Beiemann vun verdeckelen. Dest geschitt wann den Hunnig die richtig Konsistenz hoat, also een Waassergehalt enner 18% héi zu Lëtzebuerg. De Beieman erkennt un Hand vum Verdeckelen dat den Hunnig "zéidig" as.