Waat as Beiewoas a wei get en produzéiert?
Stellt Eech fir dir stidd op enger Wiss an dir sollt een Haus bauen. Et brauch een weeder Beem ze hoan nach Betonsbleck ze brennen, mee de Kierper schweest dat neidigt Material einfach aus. Klengt komisch? As ewer richtig. Dest geschitt genee sou am Beiestack.
Beiewoas as per Definitioun ee Stoff, dee bei 20°C fest bis kneedbar as an sech nei iwer 40°C verflëssigt. Naturbeiewoas as giel an riicht gudd no Hunnig an Propolis.

An engem Beievollik sen an de Summerméint bis zu 60.000 Beien. Dovunner stellen ewer nick all Arbichterbeien zum, selwischten Moment Beiewoas her, mee just die sou genannten "Baubeien". Ween als "Baubei" schafft bestemmt bei den Beien den Alter. Kurz nom Schlupf kemmeren sech die jonk Arbichterbeien als éischt em d'Fudder vun der Brut. No etwa 10 Deeg aktivéiren sich hir Woasdrüsen an d'Beien wesselen hiren Arbichtsberäich an bauen nei Waaben. D'Woasdrüsen vun enger Bei sen op hirer Bauchsäit tëschent de Bauchschuppen. Op zwou Säiten an parallele Reihen hon d'Beien tëschent den Bauchschuppen 8 kleng Täschen. An der Vertiefung gin Woasdrüsen flëssigen Woas of, deen sech an den Täschen sammelt an do zu klengen Plättercher get.
Vum Woas zur Waab.
Vum Woas zur Waab.
D'Woasplättercher die Beien produzéieren sen am Ufank bal transparent a wiirken wei kleng Kristallsplitter. Fir den Woas ze veroarbichten, befördert d'Baubei de frësche Woas mat hiren Been bei de Mond an knaat all Plättchen nach emol gudd durch. Sie mescht dem Woas besselchen uelig Sekret aus hiren Uewerkieferdrüsen mat bei. Lo kann de Bau vun de Waaben ufenken.
Fir den Waabebau hoat d'Bei quasi de sechste Senn. Woasplättchen fir Woasplättchen baut d'Vollik d'Waabewand, wou mei ewei poar honnert Beien hellefen..
Die geometrisch Form as faszinant. Den Beien dingt hir eegen Gréisst als Moosstaff an dofir sen d'Waaben all praktisch gläich grouss. Durch gezielten Erhëtzen vun der Kierpertemperatur vun de Beien, get de Woas während dem Bau méi mell an d'Wänn vun deenen aneren Zellen fenken u mat schmelzen. Dobäi bild sech eng riicht Fläch wou dann Sechsecker entstin.
Weivill Woas produzéiert ee Beievollik?
Weivill Woas e Beievollik produzéiert hengt vun verschiddenen Fakteuren of. Wann mei Nektar vun de Beien gesammelt get, em sou mei Woas get produzéiert fir den Nektar kennen an den Zellen ze lageren. Och spillt d'Brut eng grouss Roll. Get et vill Nowoas, brauchen d'Beien och mei Woas fir die Zellen ze bauen. Am Durchschnett mecht e Beievollik an enger Saison tëschent 500g an 1.000g Woas.
Dofir as de Beiwoas giel.
Den "Jungfernwachs" (déitsch Wuert), sou de Kierper vun all Bei e bild, as eigentlich transparent-weiss. Beienwaaben dogéint sen ewer giel bis donkelbronk. Wei kennt desen Faarwennerscheed zu stannen?
D'Entwert leit am Gebrauch vum de Woaszellen. D'Woaszellen dingen enner anerem fir d'Lagerung vun de Pollen an dem Hunnig an gin dono mat Propolis ausgekleedt. Besonnisch de Pollen je no Troacht hoat eng intensive Faarw. Des Faarw leist sech an den Waaben nidder. Well och d'Waabenzellen als Brutstätt genotzt gin, fenn een och Rester vun klengen Hautpartikelen a Spuren vu Kot vun de Beielaarwen. Des gin dann je no Ofnotzung resp Benotzung emmer mei déischter. Wann d'Waaben mei déischter sen, waat se mei verbraucht sen an dem entspreechend och mei ufällig fir Krankheetssporen sen.
Wéi recoltéiert de Beiemann de Beiewoas?
Eigentlich as et ganz einfach an och logisch. Fir de Beiewoas ze sammelen gin die eidel Hunnigwaaben ageschmolz. Dofir gin et verschidden Methoden.

- Sonnenwachsschmelzer: De Woas verflëssigt sich durch d'Sonn. Des Methode as ewer weederofhängig an dauert mei lang wei aner Methoden.
- Dampfwachsschmelzer: D'Waaben gin am Waasserdamp verflëssigt, den flëssigen Woas leeft eraus an get an Eemeren opgefongen an haart gi gelooss.
- Waaben kachen: Traditionell kennen d'Waaben geschmolz gin, hei leist de Woas sech komplett op. Et bilden sech verschidden Schichten vun Hunnig a Pollen, dei sech nom ofkillen trennen.
Beiewoas: Och hokt nach ee wertvolle Rohstoff.
Schon zu Zäiten vun den aalen Zeidler (Erklärung ennen op der Säit) goufen mam Beiewoas nick nemmen Käerzen gemaach. Den Beiewoas hoat zur der Zäit Künstler als Rohstoff gedengt fir Woasfiguren ze maachen an an den Manufakturen gouf de Beiewoas genotzt fir Woasdischer, Woaspapeier an Woasfaarwen ze maachen. Woasblummen a Woasperelen waren zu der Zäit beléiwten Decoratiounsartikelen. An ouni Woassichel gung och keen offiziellen Bréif eraus.

Wei eng Roll spillt de Beiewoas hokt?
De Beiewoas spillt an der jetziger Zäit nach eng grouss Roll. Well wann een op enger Verpackung vu Schokola, Bounen oder Nahrungsergänzungsmëttel den Stoff E90 gesäit, as dat keen chemischen Zousaatz, mee den offiziellen Kiirzel fir echten, rengen Beiewoas. Och bei Äppel, Biren, Zitrusfriichten an Melounen dengt de Woas als schützenden Iwerzog den d'Schoal blenkig mëcht an och d'Ausdrëschnen verhennert.
Beiewoas as och ganz beléiwt als pharmazeutischt Hellëfsmettel, dest zum Beispill an Crèmen. An der Kosmetik dengt de Beiewoas als Konsistenzgeber fir Crèmen, Lëppestefter an Hoarpfleegemëttel. Besonnsich bei Polituren an Pfleegemëttelen fir aner Naturmaterialien ewei Holz oder Leder spillt de Beiewoas seng eegen Virdeeler aus.
Beim Beiewoas als Rohstoff ennerscheed een tëschent "Cera Flava" an "Cera alba". Natiirlich gerengigten Beiewoas as giel an richt douce no Hunnig an get am Fachjargon als "Cera Flava" bezeechent. Doriwer eraus get och nach e praktisch weissen Beiewoas ugebueden, deen als "Cera alba" bekannt as. Den "Cera flava" as e vollkommend, rengt an naturbelossend Produkt, wou rops hen et sech bei "Cera alba" em een künstlich gebleechten Woas handelt.

Erklärung Zeidlerei: Die Zeidlerei (auch Zedlerei) ist das gewerbsmäßige Sammeln von Honig wilder oder halbwilder Bienenvölker, das vom Zeidler, einem Waldimker, ausgeübt wird.